Jean Picard

Pievieno šai personai bildi!
Dzimšanas datums:
21.07.1620
Miršanas datums:
12.07.1682
Mūža garums:
61
Dienas kopš dzimšanas:
147480
Gadi kopš dzimšanas:
403
Dienas kopš miršanas:
124845
Gadi kopš miršanas:
341
Pirmslaulību (cits) uzvārds:
Jean-Felix Picard
Papildu vārdi:
Жан Пика́р, Jean-Felix Picard
Kategorijas:
Astronoms
Tautība:
 francūzis
Kapsēta:
Norādīt kapsētu

De Jean-Felix Picard, gebuer den 21. Juli 1620 zu La Flèche a gestuerwen den 12. Juli 1682 zu Paräis, war e franséische Paschtouer an Astronom.

De Picard huet 1669 als Éischten d'Längt vun engem Grad vum Meridianbou - an domat d'Gréisst vun der Äerd - mat enger héijer Genauegkeet bestëmmt (kuckt och Gradmiessung). Dofir huet hie mat engem Teleskop vu verschiddene Plazen den Ofstand vun engem Stär zum Zenit vermooss. D'Resultater goufe 1684 posthum publizéiert. Déi Miessungen huet den Isaac Newton benotzt, fir seng Gravitatiounstheorie opzestellen.

De Picard huet och de Fuedemmikrometer als astronomescht Miessinstrument agefouert.

Wéi hien am Joer 1675 mat engem Quecksëlwerbarometer de Loftdrock an ënnerschiddlechen Héichten ënnersicht huet, huet hien um Barometer Glimmentluedungen (vgl. Geißlerröhre) observéiert. D'statesch Elektrizitéit war zu deem Zäitpunkt nach net bekannt.

De Picard war ausserdeem de Grënner vum éischten astronomesche Joerbuch Connaissance des temps 1679.

De Picard gouf 1665 Professer um Collège de France.

Avoti: wikipedia.org

Nav pesaistītu vietu

    loading...

        Nav saiknes

        Nav norādīti notikumi

        Birkas